Ënn

Kulturplanz aus der Gattung Allium

D'Ënn oder Zwiwwel[1] (Allium cepa) ass eng zweejäreg Kulturplanz aus der Gattung Allium.

Ënn
Eng gebeemt Ënn
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Liliopsida
Uerdnung Asparagales
Famill Ënneplanzen
Gattung Allium
Wëssenschaftlechen Numm
Allium cepa
L.

D'Ënn besteet aus enger Zwiwwel (den Deel am Buedem) mat schlauchaartege Blieder, déi huel bannendra sinn. Am zweete Joer beemen se an et komme vill kleng gréngelzeg-wäiss Bléien, déi an enger Form vun enger Bull op engem Still wuessen.

Jee no Ubaumethod gëtt tëscht Summer- a Wanterënnen ënnerscheet. D'Summerënne sinn déi, déi am dacksten an der Kiche gebraucht ginn. Si ginn am Fréijoer geséit a sinn am August oder September prett fir ausgedoen ze ginn. D'Wanterënne ginn am August geséit, si ginn dann am Fréijoer zeideg a kënnen am Juni recoltéiert ginn.

Geschicht änneren

D'Kichenënn kënnt aus de Steppe vu West- a Mëttelasien hier. Si ass eng vun deenen eelste Kulturplanze vun de Mënschen a gëtt schonn zanter 5000 Joer als Heel-, Gewierz- a Geméisplanz kultivéiert. Déi al Egypter hunn d'Ënnen hire Gëtter geaffert, an d'Bauaarbechter vun de Pyramide goufe mat Ënne bezuelt.

Bei de Réimer huet d'Ënn zum Aarmeleits-Kascht gezielt, an et ware réimesch Legionären, déi d'Ënnen a West- a Mëtteleuropa verbreet hunn. D'Ënn gouf do séier eng vun den am meeschte verbreete Geméiszorten; am Mëttelalter war si en Amulett géint d'Pescht. Zanter dem 15. Joerhonnert gëtt d'Ënn an Holland geziilt a verschiddene Variante geziicht.

 
Ënne fir an der Kichen.
 
Paul Cézanne, 1896-1898

An der Kichen änneren

D'Ënne gi klengewierfelt oder a Rondelen réi oder gedëmpt mat anere Liewensmëttel verschafft. Ënnekuch oder Ënnenzopp si bekannte Platen, an deenen d'Ënnen eng wichteg Roll spillen. Wann ee Fleesch am Ënnejus marinéiert, gëtt dat méi zaart.

Literatur änneren

  • Sofie Meys: Köstliche Zwiebelküche. Fantastisch vegetarisch. 160 S. Pala 2003, ISBN 3-89566-192-9
  • W. Morisse: Zwiebeln, zum Heulen gut. 91 S. m. Ill. Hölker, Münster 1985, ISBN 3-88117-405-2

Um Spaweck änneren

Commons: Ënn – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Ënn. LOD - Lëtzebuerger Online Dictionnaire. www.lod.lu. Gekuckt de(n) 21.11.2021.