Den Érard de La Marck-Sedan, genannt "De Kardinol vu Bouillon", gebuer den 31. Mee 1472 zu Sedan, a gestuerwen den 18. Mäerz 1538 zu Léck, war zanter 1506[1] Prënzbëschof vu Léck, zanter 1520 Äerzbëschof vu Valencia a vu 1507 bis 1525 Bëschof vu Chartres.

Érard de La Marck
Gebuer 31. Mee 1472 jul.
Sedan
Gestuerwen 27. Februar 1538 jul.
Léck
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu Köln
Aktivitéit kathoulesche Priister

Liewen änneren

Den Érard de La Marck-Sedan war den drëtte Jong vum Robert I. de La Marck an der Jeanne de Saulcy, genannt de Marlay. Säi grousse Brudder war de Robert II. de La Marck, Marschall vu Bouillon. Hien hat säi Studium op der Universitéit vu Köln gemaach.

Hien hat d'Prebendë vun den Doumkapitele vun Tréier, Metz an Tours, an huet eng Zäit zu Roum an um Haff vum Louis XII. gelieft an huet zu deem sengen Alliéierte gezielt. 1505 krut en d'Prebende vum Doumkapitel vu Saint-Lambert zu Léck zougesprach, wat em d'Méiglechkeet ginn huet d'Successioun vum hellege Lambert ze revendiquéieren, an als Géigekandidat vum Bëschofsstull géint de Jacques de Croy, Bëschof vu Cambrai opzetrieden, dee vun den Habsburger ënnerstëtzt gouf. Seng Kandidatur zu Léck gouf vun de Lécker ënnerstëtzt, déi verlaangt hunn, datt den zukënftege Bëschof e Lécker wier, a franséisch géif schwätzen. Sou gouf en den 30. Dezember 1505 inoffiziell zum Bëschof vu Léck deklaréiert. Säi Virgänger de Jean vun Hoorn war den 18. Dezember dat Joer zu Maastricht gestuerwen. Nodeem seng Ernennung vum Poopst confirméiert war, huet hie sech den 13. Mee 1506 zum Geeschtleche weie gelooss, an de 17. Mee gouf en zu Tongeren zum Bëschof geweit.

No engem Tour duerch d'Grofschaft Looz ass hien erëm op den Haff vum Louis XII. gaangen, vun deem e sech grouss Avantagen erwaart huet. Een dovu war d'Ernennung zum Bëschof vu Chartres, obschonn den Doumkapitel vun do sech dogéint gewiert hat. Hie war ni selwer zu Chartres, huet sech awer vill ëm Restauratioun vun der Kathedral Notre-Dame bekëmmert.

Den de La Marck war eng staark Perséinlechkeet, déi sech séier um europäesche Plang bemierkbar gemaach huet, woubäi e vill Geschéck bewisen huet fir ëmmer erëm d'Neutralitéit vum Prënzbistum z'erhalen an ze stäerken.

Well hien dacks um franséischen Haff war, an de Louis XII. als Beroder mat bei deem sengen Italiefeldzich begleet huet, hat Marguerite vun Éisträich beim Poopst Jules II. en Hiewel uegesat fir den de La Marck als Bëschof vu Léck ofzesetzen. Well deen awer lous genuch war, fir sech net un de schismateschen Ausernanersetzungen ze bedeelegen hat de Poopst keng Ursaach fir dem Wonsch vun den Éisträicher nozekommen.

Ënner dem François I. hu seng gutt Relatioune mat Frankräich ofgekillt. Hien hat de franséische Kinnek um Napp well deen dem Äerzbëschof vu Bourges amplaz him zum Kardinolshutt verhollef hat. Doropshin huet hien zesumme mat sengem Brudder Robert deen Här vu Sedan war, Frankräich de Réck gekéiert.

D'Habsburger hu sech déi Situatioun net entgoe gelooss a Kontakter mat den de La Marck opgeholl. Den Érard huet fir seng Allianz mat den Habsburger eng Lëscht mat senge Wënsch opgestallt. Dozou hunn e spuenesche Bistum, als Ersatz fir de Bistum vu Chartres, eng räich Abtei am Brabant, eng déck Rent, an d'militäresch Ënnerstëtzung vu Spuenien am Fall vun enger franséischer Attack gehéiert.

Am Abrëll 1518 goufe mam Keeser Maximilian zwéi Kontrakter ënnerschriwwen. Den éischten, deen déi Lécker Stänn hu misse ratifizéieren, huet sech ëm eng defensiv Allianz, de fräien Duerchgang vun de spuenesch-nidderlänneschen Truppen, d'Sécherheet vun de Stroossen, an de fräien Handel gedréint. Am zweeten, deen d'Haus de La Marck betraff huet, hunn den Érard a säi Brudder sech engagéiert datt bei engem vun hinne hirem Doud, den Iwwerliewenden, oder en Herrscher dee vum Keeser a vun de Stänn bestëmmt géif, d'Stied an d'Festunge géif iwwerdroe kréien.

Duech seng geschéckt Verhandlunge mat den Habsburger huet en et fäerdeg bruecht de Risiko fir de Fürstentum sou kleng wéi méiglech ze halen, z. B. doduerch datt den Duerchmarsch vun Habsburger Truppen iwwer de Lécker Territoire ausgeschloss blouf.

Am Géigesaz zu sengem Brudder, deen ëm 1520 erëm Frëndschaft mat de Fransouse geschloss huet, blouf hien op der Säit vun den Habsburger an huet d'Wal vum Karel V. als Keeser vum Hellege réimesche Räich ënnerstëtzt. Deen huet dem Maximilian seng Verspriechen ageléist, an den Érard krut am Mäerz 1520 den Äerzbistum vu Valencia zougesprach an am Juli d'Abtei Saint-Michel zu Antwerpen.

1521 hat hie grouss Ënnerstëtzung vum Karel V. wéi et ëm seng Ernennung zum Kardinol gaangen ass. De Karel de V. huet em och nach e Koup aner kierchlech Ämter zoukomme gelooss, an der Hoffnung doduerch selwer méi weltlechen Afloss an den Territoirë vu Bouillon a Léck ze kréien, dozou huet den Äerzbistum vun Toledo am Joer 1522 gezielt. Domat gouf hien de prestigiéiste Prelat am nordwestlechen Europa.

Säi Brudder, de Robert huet däi franséisch Stëpplereien zu Léck ënnerstëtzt, an der Hoffnung säin eegene Jong séier op de Bëschofstroun ze kréien. D'Äntwert dorop war ganz zolidd. E puer vun de Stëppler goufe festgeholl, an zum Doud verurteelt, aner goufen an den Exil geschéckt an d'Schlass vu Logne gouf zerstéiert. Am Zuch vun deene Reiwereien, déi bis 1529 gedauert hunn, krut hien och mat der Ënnerstëtzung vum Karel V. beim Traité vu Cambrai d'Herrschaft iwwer Bouillon, wat em de Spëtznumm Kardinol vu Bouillon abruecht huet.

De gréisste Problem fir hie war, datt de Karel V. him de Corneille vu Berghes als Coadjutor imposéiert hat. Dee gouf dat am Joer 1522, huet awer 1533 déi Plaz opginn. Alt erëm duerch seng geschéckt Verhandlunge konnt e vermeiden datt 1527 Léck sollt u Geldern ugeschloss ginn, grad sou wéi datt Maastricht sollt bei de Brabant kommen.

Als Nofollger hat hie säin Neveu Guillaume am A, awer duerch säi stënterlechen Doud nach éier deem seng Successioun confirméiert war, koum et datt schliisslech de Corneille vu Berghes säin Nofollger gouf.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Érard de La Marck – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger   Nofollger
Jean vun Hoorn Bëschof vu Léck
1505 - 1538
Corneille vu Berghes

Referenzen änneren

  1. Vum Poopst den 2. Mäerz 1506 confirméiert. (Histoire de la Principuauté de Liège, Säit 120).