Épiez-sur-Chiers
franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle
Épiez-sur-Chiers ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est. Wéi hiren Numm et seet, läit se un der Kuer.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Gemengenhaus iwwer dem Wäschbuer | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Meurthe-et-Moselle | ||||
Arrondissement | Briey | ||||
Kanton | Mont-Saint-Martin | ||||
Koordinaten | 49° 29’ 33’’ N 05° 30’ 19’’ O | ||||
Fläch | 519 ha | ||||
Bevëlkerung | 165 (1999) |
D'Gemengenhaus änneren
D'Gemengenhaus vun Épiez ass vun 1851. Et ass eng Konstruktioun wéi ee se net dacks fënnt. D'Säll fir d'Gemengeverwaltung goufen iwwer engem Wäschbuer opgeriicht, deen am Ufank vum 19. Joerhonnert gebaut gouf. D'Pläng dovu stame vun engem Architekt vu Briey, dem Edouard Sibille.
D'Gebai ass aus Kalleksmollonge gebaut a mat Zille gedeckt.
Nopeschuertschaften änneren
Kuckeswäertes änneren
Kuckt och änneren
- Departement Meurthe-et-Moselle
- Arrondissementer am Departement Meurthe-et-Moselle
- Kantonen am Departement Meurthe-et-Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Meurthe-et-Moselle
Um Spaweck änneren
Commons: Épiez-sur-Chiers – Biller, Videoen oder Audiodateien |