Den Émile Jean Stockreiser, fir déi Biekerecher, wou en hier ass, de Mulles, a bei den Amerikaner, wou en an der Airforce war, den John, gebuer zu Biekerech de 24. Juni 1938 a gestuerwen de 14. Oktober 2006 un engem Häerzversoen zu Atlanta (USA), war e Lëtzebuerger dee sech den 23. Mee 1960 bei der U.S. Airforce engagéiert hat an do Pilot gouf.

Den Émile Stockreiser

Den Émile Stockreiser hat an der Léierbud eng Schlässerléier gemaach, an no sengem Militärdéngscht zu Lëtzebuerg, wou e Reserveënneroffizéier war, hat hie Kontakt gehale mat engem Arméiskolleg, dem Jos Braun, och e Lëtzebuerger deen an den US Army Special Forces, Parachutist war, an him gehollef huet an Amerika z'immigréieren. Sou koum et datt de Mulles am Mee 1960 op der Lackland Base zu San Antonio an Texas säi militäreschen Training ufänke konnt. Do gouf hien als Ground Power Equipment Operator ausgebilt. An där Zäit huet hien an Amerika e Bachelorstudium nogeholl, a gouf nodeem en deen ofgeschloss hat 2. Läitnant genannt.

Wéi en dunn Air Force-Offizéier war, konnt hien an d'Piloteschoul, op der Williams Air Force Base an Arizona goen, wou e säi Piloteschäin de 14. Mee 1966 krut.

Duerno huet op der US-Basis zu Shaw (South Carolina), wou mat Phantom II geflu gouf, déi Zäit mat ee vu performanteste Juegdfligeren, en Training als Opklärungspilot gemaach, an hie war duerno bis 1967 op der U.S. Basis Alconbury am Cambridgeshire an England stationéiert.

1967 gouf hien an de 460 th Tactical Reconnaissance Wing detachéiert, mat deem e bis 1969 an der Zäit vum Vietnamkrich op der Tan Son Nhut Air Base stationéiert war.

An där Zäit huet hien Opklärungsflich iwwer Nordvietnam gemaach. De 27. Mee 1968 war hien iwwer Hanoi a schwéiert Fligerofwierfeier geroden. Mat vill Geschéck konnt hien dovukommen a seng Missioun déi als héich wichteg aklasséiert war weiderféieren. Fir seng Daperkeet op deem Dag krut hien déi héchst Auszeechnung vun der US Air Force d''United States Air Force Distinguished Flying Cross.

Wéi 1969 déi englesch 17 th an 18 th Tactical Reconnaissance Squadrons hir éischt Liwwerung vu Phantom-Jeeër um Fluchfeld Heyford kruten, gouf hien dohin als Pilotentrainer detachéiert. Duerno koum hien op d'U.S. Basis Zweibrücken, just nodeem d'U.S. Airforce déi vun der RCAF iwwerholl hat.

Bei engem Spezialtraining iwwer der Nordséi huet hien eng Apdiktesch d'Ingrid Schade kenne geléiert, déi mat hirem Meedchen op Sylt an der Vakanz war, an 1974 hunn déi zwee sech zu Berlin der Heemechtsstad vun der Ingrid bestuet.

Duerno ass d'Famill op Shaw a South Carolina geplënnert wou den Émile am 363 th Tactical Reconnaissance Wing affektéiert war.

Am Mee 1976 koum hien op Potsdam bei d'United States Military Liaison Mission. Do huet hie Missiounen an Ost-Däitschland gehat, bei deenen et drëms goung fir russesch Manöveren an Operatiounen auszespionéieren. Dat war keng ongeféierlech Saach, säin Nofollger op där Plaz koum bei sou enger Missioun ëm d'Liewen. Fir seng dräi Joer Déngscht, op där Plaz, krut hien den 3. Juni 1979 d'Joint Services Commendation Medal.

Duerno bis zu senger Pensioun am Rang vun engem Majouer, war hie bei den NATO-Truppen zu Kalkar op der hollännescher Grenz stationéiert.

No senger Pensionéierung huet hie mat senger Famill zu Garmisch-Partenkirchen gewunnt. Hien hat zwee Kandskanner, d'Laura an de Lukas.

Hie war de Brudder vum Stengeforter LSAP Lokalpolitiker Camille (Camm) Stockreiser, fréiere Gemengentechniker a Schäffen an der Gemeng Stengefort.

Um Spaweck änneren