Édouard Thilges

lëtzebuergesche Politiker

De Jules Georges Édouard Thilges gebuer de 17. Februar 1817 zu Klierf, a gestuerwen den 9. Juli 1904 an der Stad Lëtzebuerg war e lëtzebuergesche Politiker.

Édouard Thilges
Gebuer 17. Februar 1817
Klierf
Gestuerwen 9. Juli 1904
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Affekot
Partei keng
Famill
Kanner Joseph Thilges

Vun 1833 bis 1838 huet den Édouard Thilges zu Bréissel a Léck Droit studéiert a gouf 1841 Affekot um Geriicht zu Dikrech.

Vun 1854 bis 1856 war hie Generaldirekter (Minister) fir Gemengenaffairen.

Vum 28. November 1857 bis 15. Juli 1859 war hien eng éischt Kéier Member vum Staatsrot.[1]

Vun 1859 bis 1860 war hie Minister fir den Interieur an der Regierung Simons.

Vum 28. September 1860 bis den 3. Dezember 1867 war hien nees Member vum Staatsrot.[1]

Vun 1867 bis 1870 war en nees Generaldirekter fir Gemengenaffairen, dës Kéier ënner an der Regierung Servais.

Vum 18. Dezember 1870 bis den 20.Februar 1885 war hien nees Member vum Staatsrot.[1]

Den 20. Februar 1885 gouf hien zum Staatsminister a Regierungspresident ernannt an ass dat bis den 22. September 1888[2] bliwwen.

Vum 10. Oktober 1888 bis zu zu sengem Doud den 9. Juli 1904 war hien nees Member vum Staatsrot[1] an dovu vun 1888-1895 President vum Staatsrot.

Hie war de Papp vum lëtzebuergesche Magistrat Joseph Thilges.[3]

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Edouard Thilges op luxemburgensia.bnl.lu
  3. Jules Georges Édouard Thilges (1817-1904) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com. Gekuckt de(n) 2023-08-14.
  4. Memorial N°55 vun 1888 mat der Demissioun vum Edouard Thilges a senger Erneennung als Éierestatsminister a senger Dekoratioun am Ordre de la couronne de chêne