Den Äischdall, och Dall vun de siwe Schlässer genannt, läit am Weste vu Lëtzebuerg. En huet säin Numm vun der Äisch déi derduerch leeft.

Vun Äischen bis op Miersch kann een iwwer den CR105 duerch den Äischdall fueren.

Gemengen am Äischdall änneren

Et gëtt sechs Gemengen am Äischdall:

Buergen a Schlässer am Äischdall änneren

D'Buergen a Schlässer vum Äischdall si flossofwäerts gekuckt:

"Dall vun de siwe Schlässer" änneren

Am auslafenden 19. Joerhonnert, ass d'Bezeechnung "Dall vun de siwe Schlässer" (Vallée des Sept Châteaux) aus touristesche Grënn geschaffe ginn. Si fënnt sech erëm op villen ale Postkarten. Et gëtt e puer Varianten bei der Zielweis, wou jee nodeem och Buergen a Schlässer, déi net am Äischdall leien, matgezielt ginn (Schëndels a Pëtten).

Fréier Schmelzen am Äischdall änneren

Verschiddenes änneren

2010 huet d'Lëtzebuerger Post e Set vun zéng Timbere mat zwee verschidde Motiver ënner dem Motto "Les châteaux de la Vallée de l'Eisch" erausginn. Op fënnef identeschen Timbere sinn d'Gréiveschlass vu Käerch, d'Buerg vu Simmer an d'Schlass vun Aansebuerg ofgebilt, op deenen anere fënnef d'Buerg vun Aansebuerg, d'Buerg Huelmes an d'Schlass vu Miersch. D'Zeechnunge vun den Timbere si vum belschen Aquarellist an Illustrateur Michel Demart.

Um Spaweck änneren