Wee vum Sonnestralung iwwer d'Äerdliicht zum groe Moundliicht

Äerdliicht oder Äerdschäin nennt een d'Sonneliicht, dat vun der Äerd reflektéiert a sou och op vun der Sonn onbeliichte Flächen um Äerdmound geworf gëtt. Doduerch gëtt déi donkel Säit schwaach beliicht an d'Liicht, dat duerch eng weider Reflexioun op der Mounduewerfläch als grot Moundliicht nees op der Äerd ukënnt, kann eis bei gënschtege Observatiounsbedéngungen och mat bloussem A d'Nuechtsäit vum Mound groelzeg liichtend erkenne loossen.

Grot Moundliicht mécht déi vun der Äerd beliichte Nuechtsäit vum Äerdmound nieft der schmueler Moundséchel siichtbar
Skizz vun enger Moundsichel mat Äerdschäin vum Leonardo da Vinci
(ongeféier 1506-1510; aus dem Codex Leicester)

Am beschten ass de Widerschäin vum Äerdliicht ze gesinn, bei enger ganz schmueler Moundséchel e wéineg vir oder nom Neimound.

Detailer änneren

Bei Neimound steet den Äerdmound tëscht Äerd a Sonn, soudatt ee vun der Äerd aus op d'Nuetssäit vum Mound kucke kéint. En Observateur steet op der Äerd dann awer am Liicht vum Dag. Sou kann duerch déi vum gestreete Sonnestralung opgehellt Atmosphär en Neimound – d'Nuetssäit ouni Moundséchel – vun der Äerduewerfläch aus net bemierkt ginn, wann net eng Sonnendäischtert antrëtt.

En Observateur um Mound kéint zu dëser Zäit op déi beliicht Säit vun der Äerd kucken: D'Äerd stéing fir hien als „Volläerd“ um schwaarze Moundhimmel a géif do schéngen, wéinst hirem gréisseren Duerchmiessers a wéinst de Wolleken, Schnéidecken an helle Wüüste mat ongeféier dräimol néi héijem Réckstralungsverméigen, ongeféier fofzegmol néi hell wéi de Vollmound vun der Äerd aus gesinn ass. Wann ee bedenkt, datt d'Moundliicht hell genuch ka sinn, fir op der Äerd däitlech Schieter ze maachen, kann een unhuelen, wéi staark de Schäin vun der Volläerd als Äerdliicht d'Moundlandschaft ausliicht. Mat enger einfacher Spektiv si vun der Äerd aus souguer Eenzelheeten op der Nuetssäit vun der Mounduewerfläch am groe Moundliicht zu erkennen.

Fir quantitativ Miessung vum groe Moundliicht hat de franséischen Astronom André Danjon eng praktesch Method an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert entwéckelt. Ënnerscheeder am Widerschäin vum Äerdliicht erlabe Réckschlëss op Verännerunge vun der Äerdalbedo, wéi si haaptsächlech duerch wiesselend Bevëlkungsverhältnesser a Schnéibedeckungen entstinn.

Déi korrekt Deitung vum groe Moundliicht gëtt dacks dem Leonardo da Vinci sengen Opzeechnungen zougeschriwwen, heiansdo och dem Michael Mästlin (15501631). Aner Observateuren haten d'Usiicht vertrueden, datt de Mound selwer e bëssi Liicht ofstraalt, oder si si hate gemengt, et wier grad wéi Waasser liichtduerchléisseg a géif an der Sonn liichten.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Äerdliicht – Biller, Videoen oder Audiodateien